Boulevard Joseph-II

De Boulevard Joseph-II ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Avenue Marie-Thérèse a Richtung Norde bis bei de Boulevard de la Foire op der Héicht vun der Glacis-Kapell. D'Strooss krut hiren Numm als Undenken un de Joseph II., den eelste Jong vun der Maria Theresia, dee Keeser vum Hellege Réimesche Räich a vun 1780 un och Herzog vu Lëtzebuerg war. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Kaiser Josefstraße”.


Developed by StudentB